Deen neiste Post fann dir an der Rubrik "Blog" oder bei mir op Facebook
Neisten Blog: 28/01/2026
Unisex Vestiaire WC
/
Heuschlerei à la LSAP
/
Petitioun 3908
Eenheet statt Trennung am Bildungwiesen
Petitioun 3908
Zil
Inklusioun vun alle Kanner, onofhängeg vun hirem Migratiounshannergrond, am selwechte Bildungssystem. Schaffe vun adequate pädagogeschen a kulturelle Mëttelen an der Grondschoul wei och an de Lyceen fir eng geënten Generatioun ze garantéieren.
Motivatioun
Mat der Schafung vu Projet "Alpha" souwéi Schaffe vu parallelle Schoulsystemer wei Europaschoule riskéiert sech eis Gesellschaft a Communautéiten opzedeelen an domadder géint enger sozialer Kohäsioun ze wierken. Dëst kéint zu enger heterogener Gesellschaft an noer Zukunft feieren.
#Firwat
Naicht soll selbstverständlech sin!
Naicht soll selbstverständlech sinn!
Iwwerlëen an Hannerfroen sollten! Grondbausteeng vun eiser Gesellschaft sinn
Doweinst kritesch bleiwen
Iwwer mech
Ech sinn intresséiert un der Lëtzebuerger Politik. Ech hunn et gär mat Gläichgesënnten iwwert déi aktuell politesch Situatioun ze debattéieren, sou wei sech och mat anere politeschen Iddien auserneen ze setzen. Meng Passioun a mäin Zil ass et, déi politesch Interesse vun der Lëtzebuerger Gesellschaft ze stäerken an erauszefuerderen.
Meng Motivatioun
Meng Famill an d'Meenungsfräiheet duerch direkt Demokratie ass meng Passioun an eng positiv Treibkraaft fir sou vill wei méiglech ze beliichten. Si motivéiert mech, mat all neier Erausfuerderung ze wuessen an domat vereenzelter zum Nodenken ze bréngen.
Petitioun 2512
Elterengeld amplaz vun institutionellen Ariichtungen
Zil
Ech wëll areechen, dass Familljen selwer entscheeden kennen wéi hier Kanner erzunn gi.
Mat enger Ausglaichzuehlung un Familljen, déi den Staat aktuell un Institutiounen iwwerweist, kéint Méiglechkeet entstoen, de Familljen de Choix ze gi bei enger "Réduction de tâche" fir sech da Kannererzéiung widmen ze kennen.
Ausserdeem heet dat och positiv Auswierkung ob Qualitéit an den Institutiounen, well manner Kanner do missten betreit gi.
Zudeem heet et och e positiv Effekt op den Aarbechtsmarché. (Tâchen gi fräi)
Motivatioun
Schafen vun sozialer Gerechtegkeet bei allen verdéngscht Klassen.
Leit mat wéineg Akommes hunn aktuell net de Choix, si mussen Kanner an Institutiounen ofginn , soss geet et hannen bis fir net duer. Leit mat méi héijem Akommes dogéint hunn Méiglechkeet sech sou ze organiséieren, dass et klappen kéint. (Duerch Plënneren, Nanny...)
Natierlech ass de Wee vun der Regierung schonn e klengen Schratt (Gratis Betreiung), et entlaascht Akommesschwaach Leit, mee et hëlleft awer net bei der Selbstbestëmmung vun de Familljen.
#Firwat
Petitioun 3136
Boergeld als Bezuelungsmëttel an der Verfassung schützen
Boergeld soll gesetzlech geschützt bleiwen an net duerch lobbyistech oder politesch motivéiert Aflossnam ageschränkt kennen ginn.
Luc Martiny
Hutt Dir d'Gefill, datt Är Meenung a Astellung net sou gehéiert gi an der Politik wéi Dir et wëllt? Sicht Dir ee mat enger Meenung déi zu iech passt, deen eng frësch Perspektiv op d'Problem ka bidden? Op menger Websäit fannt Dir all Informatiounen a politesch Positiounen iwwer mech: wien ech sinn a wat ech erhoffen ze bewierken. Ech erstellen eng kritesch Sicht op politesch Reaktiounen zu Lëtzebuerg mat engem Fokus am beschte Fall op d'Sich no Léisungen. Kléngt dat gutt? Dann kenn dir mir followen, och op Facebook.